Besteet fir dat nächst Schouljoer ee Mangel u verfügbare Plazen a verschiddene Maison relaisen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, géife mir Iech bieden dës dringend parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Laut eisen Informatiounen sinn an de leschten Wochen eng Partie Elteren informéiert ginn, datt fir dat nächst Schouljoer keng Platz méi fir hiert Kand an der Maison relais wier.

An deem Zesummenhang wéilte mir folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Ass de Ministère sech dëser Problematik bewosst?

 

  • Wou besteet esou ee Mangel u verfügbare Plazen ?

 

  • Wéi gedenkt de Minister den Elteren, respektiv de Gemengen zur Hand ze goen falls net genuch Betreiungsplazen zur Verfügung stinn ?

 

Respektvoll,

 

 

Martine Hansen                                            Max Hengel                                       Paul Galles

Deputéiert                                           Deputéierten                              Deputéierten

Zréck