Kann d’Gesondheetsministesch bestätegen, dat d‘Fallzuelen bei de Krankheeten, déi sexuell iwwerdroe ginn, klammen?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Laut den Aussoen vun der Presidentin vum Planning familial gräifen ëmmer manner Leit bei der Verhütung op Kondomer zréck. E Kondom ass awer net nëmmen e Verhütungsmëttel, e schützt och géint Krankheeten, déi sexuell iwwerdroe ginn, wéi beispillsweis Gonorrhoe, Chlamydien oder Syhiliis. An dem Kontext géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Kënnt Dir bestätegen, dat d‘Fallzuelen bei de Krankheeten, déi sexuell iwwerdroe ginn, klammen?
  • Wa jo, ëm wat fir Krankheeten handelt et sech?
  • Wéi gesäit d’Entwécklung bei den eenzelen Krankheeten an de leschte 5 Joer aus?
  • Wat fir Alterskategorien vu Leit sinn am heefegste betraff?
  • Wat wëllt d’Regierung géint dës Entwécklung maachen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck