Wéi vill landwirtschaftlech Planzeschutzmëttelen sinn 2021 hei zu Lëtzebuerg insgesamt verkaf ginn, a wéi gesäit d’Entwécklung vun de Venten vun de leschte 5 Joer aus?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung weiderzeleeden.

An eisen Nopeschlänner, notamment a Frankräich, ass de Verkaf vu Planzeschutzmëttelen am leschte Joer fir d’éischt zanter Joren nees geklommen. Laut de Berichter an der landwirtschaftlecher Fachpress erkläert des Hausse sech virun allem duerch den Asaz vun Planzeschutzmëttelen, déi besonnesch an der Bio-Landwirtschaft an am Bio-Wäibau agesat ginn, wéi beispillsweis Koffer- a Schwiefelprodukter. An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung stellen:

 

  • Wéi vill landwirtschaftlech Planzeschutzmëttelen sinn 2021 hei zu Lëtzebuerg insgesamt verkaf ginn, a wéi gesäit d’Entwécklung vun de Venten vun de leschte 5 Joer aus?
  • Ginn Koffer- a Schwiefelprodukter, déi haaptsächlech an der Bio-Landwirtschaft zum Asaz kommen, an de Lëtzebuerger Statistiken zu den allgemengen Planzeschutzmëttelen derbäi gezielt?
    • Wann nee, wéi gesäit bei dëse Produkter d’Entwécklung an de leschte 5 Joer aus?
  • D‘European Food Safty Authority (EFSA) stuft den Afloss vum Koffer op Mënsch an Ëmwelt als héich riskant an. Analysen um Terrain hunn am Ausland doriwwer eraus gewisen, dat den Asaz vu Koffer zu Kontaminatioune vum Buedem féiert. Wat gedenkt d’ Regierung ze maachen fir den Kofferasatz ze reduzéieren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

 

Zréck