Bei wéi enge Medikamenter ass et an der Lescht zu „Rupture de stock“ komm? Gi Patienten, déi op dës Medikamenter ugewise sinn, am Virfeld doriwwer informéiert?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, géife mir Iech bieden dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Eis gëtt vu Säiten vun Apdikter zougedroen, dass et an der Lescht schwiereg ass, verschidde Medikamenter opzedreiwen. Aner Medikamenter wieren vun enger sougenannter „Rupture de stock“ betraff.

An deem Zesummenhang wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch riichten:

  • Kann d’Madamm Ministesch virgenannten Informatioune bestätegen?

 

  • Bei wéi enge Medikamenter ass et an der Lescht zu „Rupture de stock“ komm? Gi Patienten, déi op dës Medikamenter ugewise sinn, am Virfeld doriwwer informéiert?

 

  • De Fall gesat, ee Patient ass op ee gewëssent Medikament ugewisen (z.B. am Fall vun enger Organtransplantatioun), wéi gëtt séchergestallt, dass dëse Patient zu all Moment iwwer dës liewenswichteg Medikamenter, respektiv valabel Alternative, verfüügt?

 

  • Gedenkt d’Regierung eng Online-Plattform op d’Been ze stellen fir Informatiounen iwwer Enkpäss bei Medikamenter ëffentlech zougänglech ze maachen (änlech wéi dat déi europäesch Medikamentenagence EMA op hirem Site mécht: https://www.ema.europa.eu/en/medicines/download-medicine-data#shortages-section)?

 

  • A wéi fern ass Lëtzebuerg vu sougenannte „Verdeelerquoten“ duerch d’Hiersteller vu Medikamenter betraff? Iwwer wéi eng „Grossisten“ gëtt eist Land beliwwert?

 

  • Profitéiert Lëtzebuerg vu sougenannten parallellen „Exportatiounen“?

 

  • Goufen et am Beräich vun de Verdeelerquoten respektiv de parallellen Exportatiounen, déi leschte Joren Entwécklungen, déi negativ Konsequenzen fir eist Land haten / hunn?

 

  • A wéi fern riskéiert sech eng weider Eskalatioun tëscht China an Amerika negativ op d’Hierstellung an d’Disponibilitéit vu Medikamenter auszewierken?

 

Respektvoll,

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

Claude Wiseler

Deputéierten

 

Zréck