Fir d’Biodiversitéit an der Landwirtschaft ze fërderen, soll ab 2023 en Mindestundeel vu 4% vun der landwirtschaftlecher Fläch vum Betrib fir net-produktiv Flächen, a weider Landschaftselementer wei Broochflächen, virgesi sinn, fir esou nach vun den Aiden am Kader vun der GAP-Reform ze profitéieren. Wéini kréien d’Bauere matgedeelt ab wéi engem Datum di 4% Mindestundeel un net-produktive Flächen zielt, bzw. muss ëmgesat ginn?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu der GAP un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

Fir d’Biodiversitéit an der Landwirtschaft ze fërderen, soll ab 2023 en Mindestundeel vu 4% vun der landwirtschaftlecher Fläch vum Betrib fir net-produktiv Flächen, a weider Landschaftselementer wei Broochflächen, virgesi sinn, fir esou nach vun den Aiden am Kader vun der GAP-Reform ze profitéieren (GLÖZ-Standard 8: Biologische Vielfalt). D’Bauere mussen awer elo schonn d’Saatgut fir dat nächst Joer kafen a beim nächste Reen och schonn d‘Wanterkulture séien.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Wéini kréien d’Bauere matgedeelt ab wéi engem Datum di 4% Mindestundeel un net-produktive Flächen zielt, bzw. muss ëmgesat ginn?
  • Wat geschitt am Fall, wou d’Kulturen elo geschwënn schonn ugeséint ginn, also nach dëst Joer, ier di nei Reegelung a Kraaft trëtt? Sinn hei Derogatioun’en oder aner Mesurë geplangt oder muss de Bauer an deem Fall 2023 ëmplouen?
  • Gedenkt de Minister net, opgrond vun der aktueller Weltlag, di broochleeënd Ackerfläche kuerzfristeg a fir en definéierten Zäitraum ze notzen? Wann nee, firwat net?

 

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Zréck