Questions parlementaires

Est-ce que Monsieur le Ministre est au courant des négociations entre la Société Européenne des Satellites et la compagnie américaine Intelsat?

Fir d’Biodiversitéit an der Landwirtschaft ze fërderen, soll ab 2023 en Mindestundeel vu 4% vun der landwirtschaftlecher Fläch vum Betrib fir net-produktiv Flächen, a weider Landschaftselementer wei Broochflächen, virgesi sinn, fir esou nach vun den Aiden am Kader vun der GAP-Reform ze profitéieren. Wéini kréien d’Bauere matgedeelt ab wéi engem Datum di 4% Mindestundeel un net-produktive Flächen zielt, bzw. muss ëmgesat ginn?

Ass d’Regierung der Meenung datt duerch déi rezent Cyberattacken op Encevo d’Stroumversuergung zu Lëtzebuerg a Gefor wär ? 

Firwat ginn déi Deeg, di e Frontalier an enger Formatioun am Ausland verbréngt, och als Télétravail-Deeg comptabiliséiert ?

Kann d’Gesondheetsministesch bestätegen, dat d‘Fallzuelen bei de Krankheeten, déi sexuell iwwerdroe ginn, klammen?

Kann d’Regierung confirméieren, dat et hei am Land an de leschten Deeg Liwwerproblemer beim Paracetamol gouf?

Wéi vill landwirtschaftlech Planzeschutzmëttelen sinn 2021 hei zu Lëtzebuerg insgesamt verkaf ginn, a wéi gesäit d’Entwécklung vun de Venten vun de leschte 5 Joer aus?

Wat fir eng Positioun huet Lëtzebuerg zu Bréissel vertrueden am Kader vun der decidéierten Flächestillegungspflicht an der Agrarpolitik?

Firwat gëllen di nei Bestëmmunge vum Télétravail fir de Gros vun den Frontaliere aus der Fonction publique net ?

Besteet d’Gefor vun Enkpäss beim Holz a wéi kann een der Demande an Zukunft gerecht ginn ?