Huet d’Regierung Mesure virgesinn fir de Fall, wou d’Gemengen als Bedreiwer vu Betreiungsstrukturen an de Schoulvakanze en Iwwerschoss u Personal hätten ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Familljeminister an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Mat der Rentrée 2022/2023 gouf d’Kannerbetreiung an de Strukturen, déi dem Chèques-Services-Accueil-System (CSA) ugehéieren, wärend de Schoulwoche gratis. Gläichzäiteg gouf de Plaffong vun 100 Euro pro Kand a Woch ausserhalb vun de Schoulwochen ofgeschaaft. De Präis, dee fir d’Betreiung an de Vakanze muss bezuelt ginn, gëtt elo en Fonctioun vum Revenu vun der Famill, vum Rang vum Kand (Rang de l’enfant) a vun der Unzuel vu Stonnen an der Struktur berechent.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Familljeminister an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Huet d’Ofschafe vun dësem Plaffong sech bei der Unzuel vun den Aschreiwunge vu Kanner wärend der Allerhellegevakanz bemierkbar gemaach ?
    • Wa jo, ëm wéi vill Prozent sinn d’Aschreiwunge wärend der Vakanz an der Moyenne erofgaangen ?
  • Huet d’Regierung Mesure virgesinn fir de Fall, wou d’Gemengen als Bedreiwer vu Betreiungsstrukturen an de Schoulvakanze en Iwwerschoss u Personal hätten ?
    • Wa jo, wéi eng Moossname sinn dat ?
    • Wann net, firwat net ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Max Hengel

Deputéierten

Zréck