Wat ass déi rechtlech Basis fir datt d‘Autorités judiciaires, Poursuitte géint Camionneure oder Transporteure kennen aleeden, wéinst Verstéiss géint déi rezent Sanktiounen?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

 

Zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich huet d’Europäesch Unioun eng ganz Rei vu Sanktiounen verhaangen. Laut mengen Informatioune sinn Sanktiounen, déi géint Russland a Wäissrussland decidéiert gi sinn fir läscht duerch de «règlement (UE) 2022/576 du conseil du 8 avril 2022 modifiant le règlement (UE) no 833/2014 concernant des mesures restrictives eu égard aux actions de la Russie déstabilisant la situation en Ukraine» verschäerft ginn.

 

A verschiddene Situatiounen, notamment bei der Kontroll vum Wuereverkéier, kéinte Polizisten domat konfrontéiert ginn fir Dispositioun vun dësem Reglement konkret um Terrain ëmzesetzen. Leider schéngt déi rechtlech Situatioun net ganz kloer ze sinn.

 

An deem Kontext géing ech gäre folgend Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

 

  • Ass de règlement (UE) 2022/576 schonns an dat nationalt Recht ëmgesat ginn?

 

  • Wa jo kann den Här Minister mir déi rechtlech Basis matdeelen?

 

  • Wa nee firwat net?

 

  • Wat ass déi rechtlech Basis fir datt Police déi Mossnamen dei am règlement (UE) 2022/576 virgesinn sinn, notamment am Kader vum Wuereverkéier, konkret um Terrain kann ëmsetzen?
  • Wat ass déi rechtlech Basis fir datt d‘Autorités judiciaires, Poursuitte géint Camionneure oder Transporteure kennen aleeden, wéinst Verstéiss géint déi rezent Sanktiounen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar

Zréck