Huet den Här Ausseminister Kenntnis vun der Tatsaach, dass d`UNRWA anti-semitesch an anti-israelesch Inhalter subventionnéiert ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister weiderzeleeden.

An engem Lieserbréif am Tageblatt vum 27. Oktober 2022 gëtt op d’Contributioun vu Lëtzebuerg zur Finanzéierung vu Léiermaterial vun der UNRWA (United Nations Relief and Works Agency for Palestine Refugees in the Near East) higewisen, woumatt anti-semitesch an anti-israelesch Inhalte géife subventionnéiert ginn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Ausseminister riichten :

  • Kann den Här Ausseminister déi uewe genannte finanziell Contributioun confirméieren?
    • Wa jo, wéi e Montant ass fir dat lafend Joer virgesinn?
  • Huet den Här Ausseminister Kenntnis vun der Tatsaach, dass mat deene Suen anti-semitesch an anti-israelesch Inhalter subventionnéiert ginn?
    • Wa jo, wéi erklärt den Här Minister déi entspriechend Haltung vun der Lëtzebuerger Regierung?
  • Ass geplangt, déi beschriwwe finanziell Ënnerstëtzung an de kommende Joren weiderzeféieren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck