Ass di nei Covid-19 Variant BQ.1.1 och schonn hei zu Lëtzebuerg nogewise ginn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Ëmmer méi international Virologe warne virun enger neier Covid 19 Variant, der BQ.1.1. Dës Variant verbreet sech däitlech nach méi schnell wéi d’Omikron Variant am Fréijoer 2022.

D’Virologe gi mat enger grousser Warscheinlechkeet dovunner aus datt d’Variant BQ.1.1 nach virun Enn November eng nächst gréisser Covid- Wëll wäert mat sech bréngen.

 

An dem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen.

  • Madamm Ministesch ass d’Variant BQ.1.1 och schonn hei zu Lëtzebuerg nogewise ginn ?
  • Wa jo, wéi vill Infektioune mat dëser Variant goufe bis haut identifizéiert ?
  • Wa nee, wéi eng Variante vu Covid-19 sinn aktuell nach am dominantsten hei zu Lëtzebuerg

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Max Hengel

Zréck