Wéi vill Kanner resp. Puppelcher hunn säit Uganks Oktober missten hospitaliséiert gi wéinst dem RS-Virus?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Laut Aussoe vun de Pediatere schléit een an der Kannerklinik de Moment Alarm, well et scho ganz vill Fäll vu Bronchiolitte gëtt, déi mussen am Spidol traitéiert ginn, deels och op der Intensivstatioun. De Grond ass den RS-Virus, eng viral Infektiounskrankheet, déi d’Otemweeër ugräift a virun allem fir Kanner ënner 2 Joer ka geféierlech ginn.

 

Well et keng Impfung géint den RS-Virus gëtt, wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen.

  • Wéi vill Kanner resp. Puppelcher hunn säit Uganks Oktober missten hospitaliséiert gi wéinst dem Virus?
  • Wéi vill Capacitéit huet d’Kannerklinik fir Kanner resp. Puppelcher mam RS-Virus kënnen ze hospitaliséieren ?
  • Vu datt dëse Virus all Joers em di nämlech Zäit sech verstäerkt verbreet an d’Hygiènesmossnahmen mat dat wichtegst si fir de Virus net ze kréien, gedenkt d’Madamm Ministesch eng generell Sensibiliséierungscampagne ze lancéiere fir d’Leit méi op dëse Virus an seng dach oft geféierlech Konsequenzen opmierksam ze maachen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel

Zréck