Wat wëllt d’Regierung maachen, fir d’Waardezäiten an der Urgence vun der Kannerklinik ze verkierzen?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Wéi op de soziale Medien ze liese war, koum et de 6. November zu laange Waardezäiten an der Kannerklinik. De konkrete Fall betrëfft e Bouf, deen vun engem Hond an d’Been gebass gi war. Well den Dokter an der Klinik zu Ettelbréck him net konnt hëllefen, huet hien d’Kand an d’Kannerklinik an der Stad iwwerwisen. Allerdéngs huet de Jong do misse laang waarden, ouni dat eppes geschitt ass. Op Nofro hin krut de Papp gesot, den Dokter, deen Déngscht hätt, wier am gaangen ze operéieren. No 5 Stonnen sinn si dunn an d’Klinik op der Kierchbierg gefuer, wou sech direkt en Dokter ëm de Bouf gekëmmert huet. An deem Kontext wollt ech folgend un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen.

 

  • Ass Iech de Fall, deen op de sozialer Medien fir grouss Opreegung gesuergt huet, bekannt?
  • Wisou war an der Urgence vun Kannerklinik de 6. November nëmmen 1 Dokter fir eng OP disponibel?
  • Wéi laang sinn am Duerchschnëtt d’Waardezäiten an der Urgence vun der Kannerklinik?
  • Wat wëllt d’Regierung maachen, fir d’Waardezäiten an der Urgence vun der Kannerklinik ze verkierzen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Zréck