Wéi gesäit d’Alterspyramid am Agrarsecteur aus?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

Am Kader vun de rezenten Diskussiounen ronderëm d’Landwirtschaft wëll ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

  • Wéi gesäit d’Alterspyramid am Agrarsecteur aus?
  • Wéi vill Betribsleeder sinn méi al wéi 50 Joer, wéi vill sinn méi al wéi 55 Joer a wéi vill sinn méi al wéi 60 Joer?
  • Wéi vill Prozent vun de Betriber an den eenzelen Alterskategorien hunn en Nofollger?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck