Questions parlementaires

De “Memorandum of Understanding” deen tëscht dem Staat, Google an der Gemeng Biissen iwwert den néien Datenzenter Biissen geholl ginn ass, gouf vun der “Commission d’accès aux documents” als net confidentiel erkläert. Wäert d’Regierung sech no dësem Audit riichten an den MoU ëffentlech maachen ?

Am Kontext vun der Coronakris hunn divers Regierungsvertrieder de Leit erkläert si kéinten aplaz Schutzmasken och e Buff oder änleches droen. Dofir krut oder kritt all Schüler vun der Regierung 2 Buffen zur Verfügung gestalt. Wéi fiabel sinn déi Buffen, a ginn se de Schüler déi néideg Protectioun?

Et ass an der Vergaangenheet widderhuelt zu Manipulatiounen vun den elektronesche Foussfesselen bäi Prisonéier komm. Wéi kënne sou Manipulatiounen verhënnert ginn?

Wéi gedenkt d’Regierung d’Reesagence ze ënnerstëtzen ?

Stëmmt d´Positioun vun der Partei “déi Gréng” mat der Regierung hirer iwwert eneen, wat d’Deele vu Steierrecettë mat de Nopeschregiounen ugeet ?

Ass d’Regierung bereet d’Méiglechkeet vun enger Derogatioun virzegesi fir datt och Entreprisen déi vun den temporär Mesuren am Kader vun der COVID-19 Krise profitéieren, dierfen un ëffentlechen Ausschreiwungen Deel huelen ?

Spëtzesportler duerfen ënner strenge Sécherheetsbestëmmungen erëm an der Coque trainéieren. Ween gëtt als Spëtzesportler consideréiert a sinn des Sportler all am Virfeld op de Covid-19 Virus getest ginn?

Schüler aus dem Lycée technique pour professions de santé (LTPS) schaffen temporär wärend der COVID-19 Crise. Dofir kruten si ee CDD vum Staat. Nom 11. Mee sollen se weiderschaffen awer net ënner Form vun engem CDD mä anscheinend just nach am Kader vun engem Praktikum an dat ouni Bezuelung. Stemmen des Informatiounen?

Mam Asetzen vum Confinement Mëtt Mäerz hu vill Geschäfter mam Hiweis op méiglech Strofen vu Polizisten gerode kritt hir Dieren zouzemaachen. Dës Betriber staunen haut net schlecht, wann hir Demande op eng Indemnitéit vun de staatlecher Servisser ofgewise gëtt, mam Hiweis si wieren net obligéiert gewierscht zouzemaachen. Wéi wëllt d’Regierung dëse Betriber lo entgéint kommen?

Den 9. Abrëll ass déi sougenannte CON-VINCE Etude lancéiert ginn déi virgesäit datt 1.500 Awunner aus dem Grand-Duché sollen op Anticorps géint de COVID-19 Virus getest ginn. Eisen Informatiounen no hunn déi Leit déi bis elo bei der Etüd matgemaach hu gesot kritt si géifen informéiert ob si immun géint de COVID-19 Virus wieren oder net. Gouf des Prozedur agehalen?