Firwat sinn net alleguer d’ Elteren iwwer d’ Méiglechkeet vun engem Accueil vu mueres 7:00 Auer bis 8:00 Auer informéiert ginn.

Här Prësident,

 

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir lech, dës parlamentaresch Ufro un den Här Erzéiungsminister weiderzeleeden.

Eisen Informatioune no sinn net alleguer d’ Elteren iwwer d’ Méiglechkeet vun engem Accueil vu mueres 7:00 Auer bis 8:00 Auer informéiert ginn.

 

An dësem Kontext wëlle mir folgend Froen un den Här Minister stellen:

 

  • Kann de Minister dat bestätegen?
  • Am Fall wou dëst zoutrefft, firwat kruten net alleguer d’ Elteren dës Méiglechkeet am Sënn vu Gläichbehandlung?
  • No wéi enge Critèrë sinn d’ Elteren erausgesicht ginn, déi dës Informatioune kritt hunn?

 

Mat déiwem Respekt,

 

Martine HANSEN                         Francoise HETTO

Deputéierten

Zréck