Firwat kenne Vakanzenaktivitéite fir Schoulkanner ofgehalene ginn a Vakanzenanimatiounen op de Campinger net ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Tourismus an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weider ze leeden.

De 4. Juni 2020 huet den Här Tourismusminister de Plang “Restart Tourism – Stabiliséieren. Adaptéieren. Promouvéieren.” presentéiert mat deem de Secteur verstäerkt soll ënnerstëtzt ginn. An deem Kader gouf och eng nei Campagne mam Numm “Lëtzebuerg, dat ass Vakanz” ugekënnegt. Des Campagne soll de Lëtzebuerger an de Leit déi am noen Ausland liewe Loscht op eng Vakanz zu Lëtzebuerg maachen.

Laut eisen Informatioune si fir dëse Summer Vakanzenanimatiounen op de Campinger déi vun de verschiddenen ORT’en organiséiert a vum Ministère finanzéiert gi leider ofgesot ginn. Normal Vakanzenaktivitéite fir Schoulkanner bleiwen awer laut dem Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend dëse Summer weiderhi bestoen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir Tourismus an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Kann Regierung bestätegen dass Vakanzenanimatiounen op de Campinger fir dëse Summer ofgesot gi sinn ? Wat ass de Grond dofir ?
  • Firwat kenne Vakanzenaktivitéite fir Schoulkanner ofgehalene ginn a Vakanzenanimatiounen op de Campinger net ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                  Marco Schank

Députéiert

Zréck