Firwat sinn Aussiichtspunkte gespärt ginn ? Wann des Spärunge sollte bäibehale ginn, wéi kennen des Platze fir Touristen zougänglech gemaach ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Tourismus weider ze leeden.

An dem Kader vum Plang “Restart Tourism – Stabiliséieren. Adaptéieren. Promouvéieren.” deen den Tourismus-Secteur soll ënnerstëtze gouf och eng nei Campagne mam Numm “Lëtzebuerg, dat ass Vakanz” ugekënnegt. Des Campagne soll de Lëtzebuerger an de Leit déi am noen Ausland liewe Loscht op eng Vakanz zu Lëtzebuerg maachen an hinne weisen dass Lëtzebuerg vill ze bidden huet.

Laut eisen Informatiounen hunn « Ponts et Chaussées » kierzlech eenzel Abuchtunge vu Stroossen gespärt wou ee konnt mam Auto a Motorrad stoe bléiwe fir déi schéi Vue ze genéissen. Duerch des Decisioun si lo leider verschidden Aussiichtspunkte fir Touristen net méi accessibel.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Tourismus stellen

  • Kann Regierung eis des Informatioun bestätegen ?
  • Wann jo, firwat sinn des Abuchtunge respektiv Aussiichtspunkte gespärt ginn ?
  • Wann des Spärunge sollte bäibehale ginn, wéi kennen des Platze fir Touristen zougänglech gemaach ginn ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                  Marco Schank

Députéiert

Zréck