Muss d’Schoul sech un déi gesetzlech Konditiounen halen an eng Maskeflicht fir Kanner vun iwwer 6 Joer aféieren ?

Här President,

Sou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës dringend parlamentaresch Fro un d´Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Den Här Educatiounsminister huet de Freiden den 19.06 annoncéiert dat ab dem 29. Juni d´Kanner an d´Jugendlecher erëm all an d’Schoul solle goen.

An deem Kontext stelle sech eng Rei méi fundamental Froen, e.a. zu der Anhalung vun sanitäre Reegelen:

  • Am Gesetzesprojet n°7606 heescht et, dass Rassemblementer vu méi wéi 20 Leit „dans les lieux accessibles au public“ verbuede sinn. E Rassemblement ass laut deem Projet „eng organiséiert Reunioun vu physesche Persounen déi sech simultan op enger Plaz befannen“.

Ass den Här Minister der Meenung, dass e Schoulgebai, Klassesall respektiv d’Enceinte vun der Schoul ënnert d’Definitioun vu „lieux accessibles au public“ fält?

  • Net all d’Rassemblementer sinn awer vun dësem Verbuet betraff. Sou sinn laut Gesetzesprojet z.B. Evenementer vu méi wéi 20 Leit ënnert Konditioune méiglech.
  • Ass de Schoulbetrib laut dem Här Minister en Evenement?

 

  • Wa jo, muss d’Schoul sech dann un déi gesetzlech Konditiounen halen, i.e. assignéiert Plaze virgesinn, plus Maskeflicht fir Kanner vun iwwer 6 Joer oder d’Anhalen vun de virgeschriwwenen Ofstandsregelen?

 

  • Laut dem Gesetzesprojet 7606 besteet och eng allgemeng Maskenpflicht fir Aktivitéiten, „qui accueillent un public“.

Ass d‘ Schoulaktivitéit eng Aktivitéit „qui accueille un public“?

Hei ass et méiglech dovunner ofzewäichen, wann eng Aktivitéit vun Natur aus inkompatibel mam Droen vun enger Mask ass. An deem Fall muss den Organisateur aner sanitär Moossnamen ergräifen fir d’Verbreedung vum Virus ze verhënneren.

    • Ass den Här Minister der Meenung, dass de Schoulbetrib als Aktivitéit ze betruechten ass, déi vun Natur aus, net compatibel mam Droen vun enger Mask ass ?
    • Wa jo, wéi eng aner sanitär Moossnamen recommandéiert d’Santé deenen eenzele Schoulen fir d’Propagatioun vum Viraus ze verhënneren?

Et ass jo dovunner auszegoen, dass d’Anhalen vun Ofstandsreegelen sech ab dem 29. Juni als ganz schwéier erweisen kéint, wann sech nees méi Schüler an engem Klassesall rëmfannen.

    • Muss de PL 7606 nach adaptéiert gi fir ze verhënneren dat d´Kanner, d´Jugendlech an d’ Enseignant´en de ganzen Dag eng Mask mussen undoen?
    • Wa jo wéini kennt di Adaptatioun?
    • Wann nee kann den Här Minister eis di gesetzlech Basis ginn di ënnersträicht dat et keng Maskeflicht gëtt wann méi wéi 20 Leit zesummen an engem Klassesall sinn?

 

Mat déiwem Respekt,

Martine Hansen
Deputéiert

Zréck