Ass d’Regierung a Verhandlunge mat Pharmaentreprisen fir sech schonn Vaccine ze sécheren?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

De Weekend war an der Presse gewuer ze ginn datt Däitschland, Frankräich, Italien an Holland en éischte Kontrakt mat enger Pharmaentreprise ënnerschriwwen hunn. D’Informatioun koum vum däitsche Gesondheetsministère deen och präziséiert huet, datt d’Entwécklung vum Vaccin schonn Enn des Joers kéint ofgeschloss sinn. Déi 4 genannte Länner hunn sech an enger Impfallianz zesummegedoen.

Fir datt d’Vaccinë séier disponibel wieren, nodeems se zougelooss goufen, missten d’Produktiounskapazitéiten elo schonn iwwer Kontrakt geséchert ginn. De Vaccin ka fir all EU-Land zougänglech gemaach ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsminister stellen:

  • War d’Regierung am Virfeld iwwer dës Zesummenaarbecht informéiert?
  • Wa jo,  fir wat huet Lëtzebuerg net matgemaach bei dëser Allianz?
  • Wann nee, deelt d’Regierung d’Meenung datt et sënnvoll wier, sech och elo scho Vaccine ze sécheren?
  • Ass d’Regierung eventuell schonn a Verhandlunge mat Pharmaentreprisen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Viviane Reding

Deputéiert

Zréck