Ass d’Regierung mat agebonnen an d’Entscheedungen zu den Destinatiounen déi d’Luxair uflitt? Wa jo, hat si en Avis favorabel ofginn zur Destinatioun Stockholm ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Säit dem 29. Mee bitt d’Luxair erëm Flich op Stockholm un. Wéinst den héijen Infektiounszuelen a Schweden, setze verschidden däitsch Bundeslänner Leit déi aus Schweden zréckkomme fir 2 Wochen a Quarantänn. Éisträich léist bis op Weideres seng Grenzen nach zou fir Leit aus Schweden.

An hirer Äntwert op eng drénglech Fro huet d’Madamm Gesondheetsminister gëschter informéiert, datt si keng obligatoresch Quarantänn wëll virgesinn, awer d’Leit déi aus Géigenden zréck kommen an deenen nach méi Infektioune sinn, wëll sensibiliséiere selwer Verantwortung ze iwwerhuelen a sech an eng Auto-Quarantänn ze beginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Ass d’Regierung mat agebonnen an d’Entscheedungen zu den Destinatiounen déi d’Luxair uflitt?
  • Wa jo, hat si en Avis favorabel ofginn zur Destinatioun Stockholm ?
  • Wann nee, ass d’Regierung net der Meenung datt och eis national Fluggesellschaft eng gewësse Verantwortung huet wat d’Destinatiounen a COVID-19 Zäiten ugeet?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Serge Wilmes

Deputéierten

Zréck