Questions parlementaires

Wéi vill Demanden fir Direkthëllefen sinn op staatlecher Säit agaangen? Wéi vill Demanden goufe ausbezuelt ? Wéi vill goufe refuséiert an aus wéi enge Grënn ? 

D’Schüler kréien fir d’Mëttespaus eng personaliséiert “Frupstut”. Kann de Bildungsministère eis dozou méi Detailer ginn ? Kann de “social distancing” assuréiert ginn wann di Jonk zu Mëtteg iessen oder gëtt an der Schoulklass giess ?

Wéi vill Leit ginn am Bausecteur an och an de Fleegeheimer getest ? Kommen och nach aner Secteure dobäi ? Wéi beaflossen déi Testresultater d’Decisiounen an der Exit-Strategie ?

Ginn et, mat der Reprise vum Unterrecht an de Schoulen, kloer Consignë fir all d’Entreprisen déi den ëffentlechen Transport assuréieren, virun allem wat botzen an desinfizéieren ugeet ?

Wëllt d’Regierung, d’Independanten wierklech dozou bréngen Chômage unzefroen, e méi confortabele Wee, wéi sech mussen ze verschëlden?

Wat ënnerhuelt d’Regierung géint d’Verschwannen vun jonken Immigranten déi onbegleet op Lëtzebuerg komm sinn ?

Wéi enge Krittären leien d’lëtzebuergesch Restriktiounen vir kleng Butteker zu Gronn? Ass d’Unzéiungskraaft vu grousse Shoppingzenteren net genee sou grouss, wéi d’Opmaache vu Butteker am urbane Raum? Ass d’Regierung net der Meenung, dass dës Reegelung dem Gläichheetsprinzip zuwiderleeft?

Aus wéi engem Grond hëlt déi Lëtzebuergesch Douane d’Donnéeën vun de Léit déi iwwert d’Grenz mussen ?

Wéi eng Mesuren hëlt d’Regierung vir de Lëtzebuergesche Medien wärend der Kris ze hëllefen ?

Huet d’Regierung konkret Richtlinnen, wat d’Sécherheetsmesure vun Architekten an Ingenieuren op de Chantieren ugeet ?