Am Kader vum « Pacte Logement » sinn an de Joren 2008 – 2017 anscheinend eng 88 Konventiounen bei der Erstellung vun engem PAP tëscht deene jeeweilege Gemengen a Baupromoteuren a Bezuch op déi 10% « Logement à coût modéré » erstallt ginn. Kann den zoustännege Minister versécheren datt déi an där jeeweileger Konventioun fixéiert Präisser och esou applizéiert gi sinn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert d’Applikatioun vum « Logement à coût modéré » am Kader vum « Pacte Logement » un den Här Logementsminister an un Madamm Inneminister weiderzeginn.

Laut mengen Informatiounen sinn am Kader vum « Pacte Logement » an de Joren 2008 – 2017 anscheinend eng 88 Konventiounen bei der Erstellung vun engem PAP tëscht deene jeeweilege Gemengen a Baupromoteuren a Bezuch op déi 10% « Logement à coût modéré » esou wéi den Artikel 29 aus dem Gesetz et virgesäit erstallt ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Logementsminister an un Madamm Inneminister riichten.

  • Zu wat fir engem Präis goufen an dëse Konventiounen déi 10% un abordabele Wunnengen par Rapport zum « prix moyen annoncé » vum Observatoire de l’Habitat vum Liser erstallt?
  • Kann den zoustännege Minister versécheren datt déi an där jeeweileger Konventioun fixéiert Präisser och esou applizéiert gi sinn?
  • Kann den zoustännege Minister versécheren datt keng Konventioun approuvéiert ginn ass mat enger Klausel wou op eng eventuell Präishausse an de kommende Joer spekuléiert gëtt, an doduerch nach e Benefice op abordabele Wunnengen realiséiert kéint ginn?
  • Wier et méiglech eng Oplëschtung mat allen Konventiounen an der diesbezüglecher Applikatioun vu Präisser ze kréien?
  • Wéi vill vun dëse abordabele Wunnengen sinn an de Besëtz vun enger Gemeng oder engem Promoteur public gaangen?
  • Sinn dës Wunnengen iwwert d’Applikatioun vum « bail emphytéotique » verkaf ginn?
  • Wa jo, op wat fir eng Dauer ass de Bail fixéiert ginn, a wat ass d’Period vum Virkafsrecht?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck