Gëtt am nächste Schouljoer eng Decharge agefouert fir déi Enseignanten, déi sech am Kader vum CEPAS fir d‘Preventioun vum Suicide engagéieren ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weider ze leeden.

 

An der Äntwert op meng mëndlech Fro N°12 vum 12 Mee 2020 zum Thema Suicide bei Kanner a Jugendlecher, sot den Educatiounsminister datt ab dem nächste Schouljoer eng Decharge soll agefouert gi fir déi Enseignantën déi sech am Kader vum CEPAS (Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires) fir d‘ Preventioun vum Suicide engagéieren.

 

An desem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann de Minister eis confirméieren datt dës Decharge elo vun dëser Schoulrentrée un agefouert ginn ass? Kann de Minister eis dozou Detailer ginn?
  • Goufen d‘ Enseignantën informéiert iwwert dës Decharge ?

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marco Schank

Deputéierten

Zréck