D’Reorganisatioun vum RGTR ass iwwer déi lescht Jore virbereet ginn, de Public an och d’Gemenge goufe consultéiert. Et muss een awer elo feststellen, datt vill vun de Changementer net méi deem entsprieche wat mat enger Rei Gemenge beschwat gi war. Bei wéi ville Linnen ass dat de Fall a fir wat goufen déi concernéiert Gemengen net am Virfeld informéiert?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Den 13. September ass et zu enger ganzer Rei Changementer bei den Horairen an den Arrête vum RGTR-Bus-Reseau komm. D’Reorganisatioun vum RGTR ass iwwer déi lescht Jore virbereet ginn, de Public an och d’Gemenge goufe consultéiert. D’Gemenge konnten och hir Avisen zum proposéierte RGTR-Plang areechen an am Februar hat den Transportministère ëffentlech Reuniounen uechter d’Land organiséiert fir den neie RGTR Plang virzestellen.

Et muss een awer elo feststellen, datt vill vun de Changementer déi elo den 13. September a Kraaft getruede sinn, net méi deem entsprieche wat mat enger Rei Gemenge beschwat gi war a wat am Februar presentéiert gouf.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann de Minister confirméieren datt nach zu enger Rei Ännerunge komm ass déi net deem entsprieche wat am Februar matgedeelt gouf?
  • Wa jo, bei wéi ville Linnen ass dat de Fall?
  • Fir wat goufen déi concernéiert Gemengen net am Virfeld informéiert?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck