Ass de Konsum vun Alkohol a Pëlle während der Corona-Pandemie an d’Luucht gaangen ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.
Divers Expert’en hu schonns am Ufank vun der Corona-Pandemie vun engem potentiell erhéichten Alkohol-a Pëllenkonsum gewarnt. Laut engem Interview mat der Dr. Claude Besenius, Chargée de direction am Centre Thérapeutique zu Useldeng, am Luxemburger Wort den 11. Juni 2020 kéint de Confinement deen duerch d’Corona-Pandemie ausgeléist ginn ass, schlëmm Konsequenzen vir suchtkrank Persounen hunn. An deem selwechten Interview gëtt och ënnerstrach, datt et anscheinend nach keng Etüd gëtt hei zu Lëtzebuerg, déi d’Relatioun tëschent der sanitärer Kris an dem Alkoholkonsum analyséiert. Den Isolement, d’Elengsinn, d’Angscht wat d’Krankheet, mee och d’professionell Situatioun ubelaangt wiere Grënn vir dass dëse Konsum bei der Populatioun an d’Luucht geet. Och d’Organiséiere vun den Apéro-Party’en via sozial Reseau’en wärend dem Confinement, hätten en erhéichtenen Alkoholverbrauch mat sech bruecht.
Eng rezent anonym Online-Enquête, organiséiert vum „Zentralinstitut für seelische Gesundheit (ZI)“ zu Mannheim zesummen mat der „Klinik für Psychiatrie und Psychotherapie am Klinikum Nürnberg“ huet erginn, dass den Alkoholkonsum an Däitschland bei méi ewéi engem Drëttel vun de Participant’en eropgaangen ass duerch d‘sanitär Kris.
An dësem Kontext, an vue dass sech Lëtzebuerg schonns laut dem lëschte Rapport vun der OECD ob drëtter Platz vun den EU-Memberstiet befënnt wou déi meescht Erwuessen en exzessiven Alkoholkonsum opweisen (35%) géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
Wat hat de Lockdown, ausgeléist duerch d’Corona-Pandemie, fir Folgen ob suchtkrank Leit? Hunn sech Suchtprobleemer (Alkohol, Pellen etc.) an Depressiounen multiplizéiert? Wéi vill Leit sinn erëm réckfälleg ginn?
Ass den Alkohol-a Pellekonsum duerch de Lockdown generell zu Lëtzebuerg an d’Luucht gaangen bei der Populatioun?
Wéi vill Persounen gëllen momentan als Alkohol-/Pellenofhängeg?
Aus der ugeschwater Etüd gëtt däitlech dass den Alkoholkonsum an Däitschland bei méi ewéi engem Drëttel vun de Participant’en an d’Luucht gaangen ass. Ass eng Etüd organiséiert ginn oder en cours déi d’Relatioun tëschent der sanitärer Kris an dem Alkohol-/Pëllenkonsum analyséiert hei zu Lëtzebuerg?
Wann net, ass esou eng Etüd geplangt?
Am Fall wou keng esou Etüd geplangt ass, kann d’Regierung de Grond dofir matdeelen?
Wat ennerhëllt d’Regierung wann den Alkoholverbrauch zu Lëtzebuerg wärend der Pandemie eropgaangen ass?
Déi meescht therapeutesch Etablissementer haten zou wärend dem Confinement. Huet d’Regierung analyséiert wat dëst vir Konsequenzen hat/huet?
Huet Lëtzebuerg genuch Therapieplazen? Goufen et méi Ufroen op eng Therapieplaz nom Lockdown ewéi virdrun?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp
Deputéiert

Zréck