Kann d’Madamm Ministesch confirméieren datt et Fäll goufen an deenen Leit déi mat där selwechter infizéierter Persoun a vergläichbarer Art a Weis a Kontakt waren ënnerschiddlech behandelt goufen? Falls jo, wat sinn d’Grënn vir dës ënnerschiddlech Handhabung am Contact-Tracing?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Eng Persoun, déi positiv op de Covid19 getest ginn ass, gëtt am Kader vum Contact-Tracing gebieden, der Inspection sanitaire d’Coordonnéeë vun alle Leit unzeginn, mat deenen se an de leschten Deeg virum Test oder virum Optriede vun de Symptomer enke Kontakt hat. Doropshin ginn déi Leit doriwwer informéiert, datt si Kontakt hate mat enger infizéierter Persoun.

Laut eisen Informatiounen ass et beim Contact Tracing an eenzele Fäll zu Fonctionnementsschwieregkeete an zu Handhabungsdivergenzen komm. Deemno hätten an eenzele Fäll just e puer vun deene kontaktéierte Leit, déi matt där selwechter infizéierter Persoun a Kontakt waren, d‘Mattdeelung kritt datt se sech missten a Quarantän setzen, sou wéi och eng Ordonnance vir en PCR-Test kritt, wärend anerer nëmmen eng Ordonnance vir en PCR-Test kruten ouni Quarantän.

Aus dëse Grënn wëll ech folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch confirméieren datt et Fäll goufen an deenen Leit déi mat där selwechter infizéierter Persoun a vergläichbarer Art a Weis a Kontakt waren ënnerschiddlech behandelt goufen?
  • Falls jo, wat sinn d’Grënn vir dës ënnerschiddlech Handhabung am Contact-Tracing?
  • E puer Persoune vun där selwechter Tracing-Lëscht sinn eisen Informatioune no eréischt méi spéit ewéi anerer per Bréif an d’Quarantän gesat ginn. Ass d’Regierung net der Meenung, datt wann een de Leit eréischt puer Deeg nodeems se a Kontakt mat enger infizéierter Persoun waren, matdeelt datt se a Quarantän musse goen, an och datt wann een hinnen dëse Message nëmme per Postwee matdeelt, dëst de Risiko mat sech bréngt datt déi Concernéiert dës Noriicht « ze spéit » kréien an se de Virus an der Tëschenzäit scho kënne weiderginn hunn?
  • Ginn et genau Richtlinnen déi de Fonctionnement vum Contact-Tracing concernéieren an un déi d’Mataarbechter vum Contact-Tracing sech mussen halen ?
  • Wann jo, wéi gesinn dës Richtlinnen aus?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck