Stellen d‘Beamten hei zu Lëtzebuerg eng Augmentatioun vum Konsum vun Drogen aus dem Darknet fest? Wei eng Moyen’en huet d‘Police, d‘Douane an d‘Justiz fir dem Trafic aus dem Darknet entgéint ze wierken?

Här President,

 

Sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d‘Madamm Justizministesch an un den Här Minister fir bannent Sécherheet weiderzeleeden.

 

An Däitschland heefen sech di läscht Wochen a Méint d‘ Fäll vun Teenager di illegal Drogen aus dem Darknet zou sech huelen, an deelweis un de Folge stierwen. Vill Teenager sinn sech oft net bewosst wat se consomméieren, respektiv ass d`Zesummesetzung vun dësen Drogen aus dem Darknet oft net bekannt, wat d‘ Consommatioun ëmsou méi (Liewens)geféierlech mécht.

An dësem Kontext, well ech gäre folgend Froe stellen:

  • Stellen d‘ Beamten hei zu Lëtzebuerg och eng Augmentatioun vum Konsum vun Drogen aus dem Darknet fest?
  • Gin et dozou Statistiken hei am Land?
  • Wei eng Moyen`en huet d‘ Police, d‘ Douane an d‘ Justiz fir dem Trafic aus dem Darknet entgéint ze wierken? Ginn des Moyen’en weider verstäerkt?

 

Mat beschte Gréiss,

 

Nancy Arendt

Deputeiert

Zréck