Am Fall wou e vulnerabelt Kand an den Homeschooling gesat gëtt, kënnen d’Elteren weiderhin vum Congé pour raisons familiales profitéieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

De jeeweilegen Hausdokter constatéiert a validéiert mat engem Zertifikat datt eng Schülerin, e Schüler vulnerabel ass. Duerno géif den ”Service de la médecine scolaire” vun der Santé zesumme mat deem Dokter kucken, wéi déi Schülerin, dee Schüler kann enseignéiert ginn.

An dësem Kontext well ech folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Gett et e kloert Konzept wéi vulnerabel Kanner ënnerriicht solle ginn?
  • Am Fall wou e vulnerabelt Kand an den Homeschooling gesat gëtt, kënnen d’Elteren weiderhin vum Congé pour raisons familiales profitéieren?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck