Questions parlementaires

Vill Associatiounen misste hier Aktivitéite wéinst dem Covid-19 staark oder ganz aschränken. Huet d’Regierung fir dës Associatiounen finanziell ze ënnerstëtzen. Wa jo, wéi gesäit dës Ënnerstëtzung aus ?

Kann den Här Minister vir bannenzeg Sécherheet mir soen, wéini hien envisagéiert de Projet fir d‘Kompensatioun vun der Aarbechtszäit fir Polizisten déi op Schichte schaffen, ze deposéieren ?

Kann d’Madamm Ministesch eis soen, ënner wéi enge Bestëmmungen a Konditiounen Concert’en oder Festivallen kënnen organiséiert ginn ? 

Kann d’Madamm Familljeministesch confirméieren datt eeler Leit aus de Maisons de soins, ënner der Responsabilitéit vun de jeeweilegen Direkteren, hier Famillje fir e puer Stonne besiche goen ouni datt si dono a Quarantän musse gesat ginn ? Wa jo, sinn déi betraffe Strukture schrëftlech doriwwer informéiert ginn ?

Firwat huet d’Regierung decidéiert datt den zentraliséierte Versuergungssystem fir Protektiounsmaterial fir Alters- a Fleegeheemer geschwënn ofgeschaaft gëtt ?

D’sanitär Kris hat e staarken Impakt an eise Prisongen. Wéi eng Moossnamen gesäit d’Madamm Ministesch vir fir d’Stëmmung an den Prisongen ze verbesseren ? Hunn d’Prisonéier d’Méiglechkeet fir Masken, Händchen an desinfizéier Gel ze kréien ? 

Den Ament leeft eng juristesch Prozedur géint en Direkter vun der Police grand-ducale. Ass dësen Direkter suspendéiert ginn ? Wa jo, wéi huet sech dës Suspendéierung ofgespillt ?

Dréngend Fro : Cafeën a Restaurante maachen op, mä riskéieren vill manner Clienten ze hunn am Ufank. Wat bedeit dat fir de chômage partiel fir déi betraffe Salarieeën?

Ass et normal dass grouss Gemengeflächen als „Lieu de distribution“ fir Maske, respektiv als Platz fir COVID-19 Tester genotzt ginn, ouni dass d´Gemengeresponsabel virdrun doriwwer a Kenntnis gesat oder gefrot gi sinn ? Gëtt de finanziellen Impakt op de Budget vun de concernéierte Gemenge kompenséiert ?

Laut dem groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz 2020, waren eng Rei Secteuren net vun der Limitatioun vu wirtschaftlechen Aktivitéite betraff. Wéi ass et mat den Tester an deene Secteuren?