Wéi eng Critèren berécksiichtegt den Ëmweltministère bei der Autorisatioun vu Photovoltaiksinstallatiounen op Wirtschaftsgebaier an enger Gréngzone ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP Photovoltaiksinstallatiounen

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Photovoltaiksinstallatiounen op Wirtschaftsgebaier an der Gréngzone un d’Madamm Ëmweltministesch, d’Madamm Inneministesch an den Här Energieminister weider ze leeden.

An engem offizielle Communiqué vum Energieministere gouf rezent doriwwer informéiert dat déi geplangten Ëmännerunge fir d’Aspeistariffer fir Photovoltaik a Kraaft getruede sinn. Domadder kennen och Privatleit Anlage vun 30 bis 200 Kilowatt bedreiwen ouni mussen duerch Ausschreiwung oder eng Societéit ze fueren. Laut den Äusserunge vum Energieminister sollen doduerch besonnesch landwirtschaftlech Betriber mat hire groussen Daachflächen heivunner viséiert ginn.

Landwirtschaftlech Betriber befannen sech awer hautzedaags meeschtens mat hire Wirtschaftsgebaier an der Gréngzone, wou bei enger Implantatioun vu Photovoltaiksinstallatiounen eng Naturschutzgeneemegung noutwenneg ass. Well net all d’Diecher eng ideal Südausriichtung zur Sonn hunn, ass et oft och ubruecht d’Panneaue liicht opzestänneren. Laut eisen Informatiounen verlaangt den Ëmweltministère an den jeeweilegen Autorisatiounen allerdéngs datt d’Panneaue misste platt op den Daach leie kommen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi eng Critèren berécksiichtegt den Ëmweltministère bei der Autorisatioun vun esou engen Geneemegungen?
  • Stëmmt et dat den Ëmweltministère esou eng Geneemegungen koppelt un d‘Konditioun datt d’Panneauen ëmmer musse platt op den Daach leie kommen?
  • Wann jo, kann d‘Regierung erkläre firwat dëst esou virgeschriwwen gëtt, wuelwëssend datt ënner deenen Konditiounen den Rendement an domadder d’Produktioun vu gréngem Stroum negativ beaflosst gëtt?

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                                   Paul Galles

Deputéierten                                                       Deputéierten

Zréck