Gedenkt d’Regierung Mesuren ze ënnerhuele fir d’Leit op d‘Meiglechkeet opmierksam ze maachen, bezéiungsweis se souguer nach méi staark ze incitéieren, fir de selwer produzéierte Stroum och tatsächlech selwer ze verbrauchen? Wann jo, weieng Mesurë si geplangt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zum Joresbericht vum Service Énergie de l’Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR)  un den Här Energieminister, weider ze leeden.

An sengem rezent verëffentlechte Rapport fir 2019 huet den ILR festgehalen, dass de Konsument vu Stroum nach net voll ëmfänglech vun enge Rei Changementer profitéiert di an deene leschte Jore geholl goufen. Sou läit den Taux de Changement de Fournisseur d‘Electricité bei den Haushälter zu Lëtzebuerg bei nëmmen 0.1%, am Géigesaz zum europäeschen Ausland wou dëse bei 7.4% läit.

Weider ass et säit dem 1 Januar duerch d‘Suppressioun vu Gebühren a Redevancen ekonomesch méi interessant fir de Verbraucher seng selwer produzéierten Energie (zum Beispill vu Solarzellen) och selwer ze consomméieren anstatt ze an d’Stroumnetz anzespeisen. Trotzdeem notzt am Duerchschnëtt nëmmen 1 vun 800 Stroumproduzenten des Méiglechkeet. Dobäi ass festzehalen, dass d‘Produktioun an d’Consommatioun vu lokaler Energie en zentraalt Argument vun der Rifkin Strategie ass.

D’Majoritéit vun den Haushälter huet mëttlerweil intelligent Compteuren, di et de Consommateure sollten erlaben sech iwwert hir Stroumconsommatioun ze informéieren an des doduerch och besser ze kontrolléieren. Am Rapport gëtt awer festgehalen, dass d’Kommunikatioun vun de reellen Date vum Gestionnaire vum Reseau bis bei de Fournisseur nach oft net klappt. Engersäits ass et derzäit fir d’Consommateuren net nëmmen extrem ëmständlech fir hir reell Consommatioun kennen ze analyséieren (och doduerch bedéngt dass et nach keen Dispositif « plug and play » um Marché ze kafe gëtt mat wellechem de Verbraucher seng Consommatioun lokal kéint ofliesen). Anerersäits kennen d’Fournisseuren och keng méi flexibel an dynamesch Offere fir de Moment ubidden.

An dësem Kontext géife mir gären folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Vu dass d’Konsumenten normalerweis vu méi lukrative Konditioune bei engem Stroumwiessel profitéieren, géife mir gäre wëssen ob d’Regierung gedenkt eppes ze ënnerhuele fir d’Leit ze incitéieren d’Stroumpräisser aktiv ze vergläichen, zum Beispill mat dem Tool calculix.lu ?
  2. Wann jo, wéi eng Mesurë well den Energieminister lancéieren?
  3. Gedenkt d’Regierung Mesuren ze ënnerhuele fir d’Leit op d‘Meiglechkeet opmierksam ze maachen, bezéiungsweis se souguer nach méi staark ze incitéieren, fir de selwer produzéierte Stroum och tatsächlech selwer ze verbrauchen.
  4. Wann jo, weieng Mesurë si geplangt?
  5. Ass sech de Minister der Problematik vun der feelender Kommunikatioun tëschent de Gestionnairë vum Stroumreseau an de Fournisseure bezüglech den intelligente Compteure bewosst?
  6. Wann jo wat gedenkt de Minister ze ënnerhuele fir d’Kommunikatioun ze verbesseren an nei Servicer op Basis vun den intelligente Compteuren ze fërderen?

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                                 Paul Galles

Deputéierten                                                     Deputéierten

Zréck