Goufen et sougenannt “Pushbacks” vu Flüchtlingen viru Lesbos an ass et do eventuell zu Verletzunge vun de Mënschrechter mat Hëllef oder dem Wësse vu Frontex komm?

Här President,
Esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës dréngend parlamentaresch Fro betreffend deene rezente Virwërf géint Frontex un den Här Minister fir Immigratioun an Asyl weiderzeleeden.
Déi däitsch Zeitung „der Spiegel“ ewéi och den däitsche Sender ARD hunn déi lescht Deeg d’Fro opgeworf ob a wéi wäit d’EU Agentur Frontex an déi sougenannte „Pushbacks“ verwéckelt ass, déi sech anscheinend an deenen leschte Méint virun der Insel Lesbos ofgespillt sollen hunn. Tatsächlech wieren Flüchtlingen, déi an Griicheland era kommen wollten, vu Schëffer an d‘Tierkei zeréck gedriwwe ginn.
Et wier esou wäit komm, datt d’Flüchtlingsbooter vun den griicheschen an tierkeschen Garde-Côten ëmmer erëm ofgedrängt gi wieren, sou datt des Flüchtlingen stonnelaang um Mier missten bleiwen bis Tierkei se schlussendlech opgeholl hätt. Et wier desweideren gesi ginn wéi Frontex Iwwerwaachungsfligeren déi selwecht Zäit iwwert d’Mier geflunn wieren, mee näischt ënnerholl hätten. Dem ARD no wier et esou guer zu Momenter komm wou Frontexschëffer den Flüchtlingsbooter esou guer de Wee verspaart an hinnen och net gehollef hätten.
Op Nofro, hätt den Här Fabrice Leggeri, Chef vu Frontex, awer am Juli am EU-Parlament niéiert datt d‘Frontex Iwwerwaachung jeemools eppes vu „Pushbacks“ matkritt hätt.
Dem ARD no hätt Frontex awer an engem Schreiwes esou e Pushback opgezeechent. Bei mindestens 6 Pushbacks wier Frontex noweislech esou „no“ dobäi gewiescht datt een dovun ausgoe kéint datt d’Agence eppes vun den Doten matkritt hätt.
An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:
Huet d’Regierung vun dësen „Pushbacks“ déi sech virun der Insel Lesbos ofgespillt hunn Kenntnis geholl ?
Ass d’Regierung der Meenung, datt dës „Pushbacks“ eng Verletzung vun de Mënscherechter duerstellen an d‘Frontex an dësem Fall d’Flüchtlingen misst a Sécherheet bréngen ?
Wéi gedenkt d‘Regierung ze reagéieren op europäeschem Niveau ?
De Medien no ass d’europäesch Kommissioun am gaangen eng Analyse ze maachen wéi wäit Frontex an des „Pushbacks“ involvéiert ass. Huet d’Regierung schonn Informatiounen kritt iwwert des Analyse ?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles
Deputéierten

Zréck