Deelt d’Regierung d’Meenung datt et grad a Pandemie Zäite sënnvoll wier fir d’Offer vun de Medikamente-Blisteren, vun deene virun allem eeler a vulnerabel Leit profitéieren, fir d’Délivrance an den Apdikten unzebidden an doduerch dozou bäizedroen datt dës Leit eventuell méi laang kéinten onofhängeg an doheem bleiwen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Beim sougenannte „Blistering“ gi Medikamenter aus hirer Originalverpakung geholl an nom Besoin vum jeeweilege Patient individuell a Kalennerverpakungen oder soss Verpakunge sortéiert. Duerch de Blistering gëtt de Risiko datt de Patient de falschen Dosage oder carrement dat falsch Medikament hëlt op e Minimum reduzéiert.

Zu Lëtzebuerg ass d’Verblistere vu Medikamenter duerch d’Gesetz vum 7. Juni 2017 respektiv vum « Règlement grand-ducal du 18 juillet 2018 relatif à la préparation, à la division, au conditionnement ou reconditionnement et à la vente par internet de médicaments. » gereegelt.

Eisen Informatiounen no ass et esou datt et am Moment bei der CNS just en Tarif fir Verblisterung vu Medikamenter fir d’Alters- a Fleegeheemer oder soss Institutioune gëtt, awer net fir d‘Délivrance u Privatleit an den Apdikten.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung dës Informatioune bestätegen?
  2. Deelt d’Regierung d’Meenung datt et grad a Pandemie Zäite sënnvoll wier fir d’Offer vun de Medikamente-Blisteren, vun deene virun allem eeler a vulnerabel Leit profitéieren, fir d’Délivrance an den Apdikten unzebidden an doduerch dozou bäizedroen datt dës Leit eventuell méi laang kéinten onofhängeg an doheem bleiwen?
  3. Wa jo, gedenkt d’Regierung d’CNS opzefuerderen en entspriechenden Tarif auszeschaffen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Jean-Marie Halsdorf                                       Claude Wiseler

Deputéierten                                                  Deputéierten

Zréck