Wat sinn d’Konsequenzen vum Lockdown fir de Lëtzebuerger Sport ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Konsequenze vun der Corona-Kris op de Sport, besonnesch bei Kanner, un de Minister fir Sport weider ze leeden.

Duerch d’Corona-Kris ass de Sport extrem beanträchtegt ginn, wourënner besonnesch d’Kanner leiden. Aus engem rezente Reportage op ZDF geet ervir, dass zu Berlin Spandau zum Beispill zanter dem éischte Lockdown ca. 10% vun de Kanner an de Veräiner opgehalen hunn reegelméisseg Sport ze dréiwen. Dobäi ass de Sport awer extrem wichteg fir ons physesch a psychesch Gesondheet an domadder och entscheedend fir des Kris gutt ze bewältegen. Besuergneserreegend ass och d‘ Gewiichtszounam bei de Kanner an no rezenten Aussoe vun eisem Educatiounsminister, schloe Pediatere schonn Alarm.

An dem selwechte Reportage gëtt och gesot, dass vill  Benevoller  de Sportsveräiner nom éischte Lockdown verluer gaangen wären. Dobäi si vill Veräiner awer just op déi Aarbecht vun de Benevoller ugewisen fir iwwerhaapt kënnen ze Iwwerliewen an de Sportbetrib oprecht ze erhalen. Weider huet dëst Entwécklung och Konsequenze fir d’Sportsveräiner, deenen hir Memberen ofhuelen, an doduerch nach zousätzlech finanziell geschwächt ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi huet sech d’Unzuel un aktive Membere bei de Sportsveräiner entwéckelt?
  2. Wéi vill Kanner hunn zu Lëtzebuerg opgehale reegelméisseg Sport ze dréiwen?
  3. Gedenkt de Minister an dësem Kontext eng genau Analyse vum Impakt vun der Corona-Kris op déi sportlech Betätegung vu Kanner ze maachen? Wat et fir psychologesch oder physesch Nowierkunge wäert fir eis Gesellschaft mat sech bréngen?
  4. Huet de Minister schonns konkret Mesuren ageleet fir dass rëm méi Kanner kënne Sport bedreiwen a sech beweegen?
  5. Wéini annoncéiert de Minister eng differenzéiert Strategie, a wéi enger Phase vun der Pandemie wéi eng spezifesch Sportaarte kënne maximal erëm erlaabt gi fir esou mann wéi méiglech Kanner vun hirem Sport fern ze halen?
  6. Wéi huet sech d‘Situatioun vun de Benevollen entwéckelt? Huet d’Zuel vu Benevoller zanter dem Ufank vun der Kris ofgeholl?
  7. Hunn Sportsveräiner scho missten ophalen oder sti kuerz virdrun?
  8. Huet de Minister wëlles de Veräiner ënnert d’Äerm ze gräife fir duerch déi schwiereg Situatioun ze kommen a mat wéi enge Mesuren?
  9. Wéi ass d’Situatioun an de Fitnesszenteren? Wéi vill Memberen hunn do opgehalen?  Wei eng finanziell Verloschter sinn duerch de Coronavirus opgetrueden? Hunn Leit missten entlooss ginn oder Zentere misste ganz ophalen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéierten

Zréck