Questions parlementaires

Firwat sinn net alleguer d’ Elteren iwwer d’ Méiglechkeet vun engem Accueil vu mueres 7:00 Auer bis 8:00 Auer informéiert ginn.

Firwat sinn Aussiichtspunkte gespärt ginn ? Wann des Spärunge sollte bäibehale ginn, wéi kennen des Platze fir Touristen zougänglech gemaach ginn ?

Firwat kenne Vakanzenaktivitéite fir Schoulkanner ofgehalene ginn a Vakanzenanimatiounen op de Campinger net ?

Ass d’Regierung a Verhandlunge mat Pharmaentreprisen fir sech schonn Vaccine ze sécheren?

Kann d’Regierung eis soen ob et de Staatsbeamte schonn méiglech ass hire Salaire op e Compte vun hirer Wiel iwwerweisen ze loossen ? Wann net, wéini gëtt et méiglech a wat sinn d’Grënn vun dëser Verspéidung ?

Ass d’Regierung mat agebonnen an d’Entscheedungen zu den Destinatiounen déi d’Luxair uflitt? Wa jo, hat si en Avis favorabel ofginn zur Destinatioun Stockholm ?

Enn Juni lafen d’Accorden mat den Nopeschlänner zu der Besteierung vum Télétravail aus. Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen fir d’Frontalieren am Télétravail virun enger duebeler Besteierung ze schützen ?

Laut EU-Reglement hunn d’Leit, déi ee Flug gebucht hunn an deen covid-bedéngt huet missen ofgesot ginn, d’Recht de Remboursement ze froen. Gëtt de Fluch net ofgesot, hunn vulnerabel Persounen eigentlech kee Choix. Fléie si net, verléiere si hir Suen. Fléie si, exposéieren si sech engem onnéidege Risiko. Gedenkt d’Regierung dëse Persounen finanziell entgéint ze kommen? Wa jo, ënnert wéi enger Form?

Question parlementaire au sujet du nouveau système européen de correspondance biométrique

Questions au sujet de logiciel(s) de télésurveillance en discussion au sein de l’Université de Luxembourg