Firwat kritt den Oste keen Impfzenter a wéi gëtt sécher gestallt dass all Awunner, och, a besonnesch Leit, déi net mobil sinn, ee gudden Accès zu den Zentren hunn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Den Direkter vun der Santé huet haut ugekënnegt datt an enger éischter Phase am Zentrum, am Süden an am Norden jeeweils een Impfzentrum wäert opgoe fir d’Populatioun géint de COVID-19 ze impfen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. No wéi enge Critèren ass de Choix getraff gi fir just an 3 Bezierker vum Grand-Duché Zentren anzeriichten?
  2. Aus wéi engem Grond ass net virgesinn och am Osten en Impfzentrum anzeriichten?
  3. Wéi wëll d’Regierung garantéieren datt all Awunner am Land e gudden Accès zu den Impfzentren hunn? Ass virgesinn, nët mobile Leit eng Hëllef unzebidden?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Hetto-Gaasch                  Octavie Modert                     Léon Gloden

Deputéiert                                         Deputéiert                             Deputéierten

 

 

Zréck