Wat ass der Regierung hier Strategie wann d’Unzuel u Better an de soins normaux an an de soins intensifs an der 4. Phase op eemol net méi duerginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Den Här Dokter Philippe Turk huet de 17. November an engem Interview mat RTL ënnerstrach datt d’Kapazitéiten vun eise Spideeler extrem belaascht wieren. Notamment géif een sech mëttlerweil an der 4. Phase vum Spidolstufeplang befannen, wat e „shutdown“ vun gewëssenen Spidolsaktivitéiten mat sech brénge géing an esou nëmmen nach urgent Aktivitéiten funktionéieren géingen. Lëtzebuerg géif bei der Beleeung vun den Intensivbetter par rapport zu der Awunnerzuel iwwert Frankräich leien.

Wéi vun der Regierung kommunizéiert missten d‘Spideeler an der 4. Phase ëmorganiséieren, esou datt bis zu 264 Better an de soins normaux an em déi 100 Better an de soins intensifs zur Verfügung stinn.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d’Regierung stellen:

  • Vu datt d’Unzuel vun den deeglechen Neiinfektiounen mam Covid-19 extrem héich ass (den 18. November 2020 goufen et 891 Neiinfektiounen), wat ass der Regierung hier Strategie wann d’Unzuel u Better an de soins normaux an an de soins intensifs an der 4. Phase op eemol net méi duerginn?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck