D’Ufere vun de Baachen ze botzen ass wichteg fir Iwwerschwemmungen ze verhënneren. Allerdéngs gëtt et hei Onkloerheete wat d’Kompetenzen ugeet, tëscht der Administration de la Gestion de l’Eau an de Gemengen. Gedenkt d’Regierung eng legal Basis auszeschaffe fir d’Kompetenzopdeelung kloer ze reegelen? Wann nee, aus wéi enge Grënn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung an un d’Madamm Inneminister weider ze leeden.

D’Ufere vun de Baachen uechter d’Land ze botzen ass eng wichteg Aufgab fir ze verhënneren datt et zu schlëmmen Iwwerschwemmungen zemol bannent den Uertschaften. Dës kann z.B. geschéie bei schwéiere Reefäll wou vill doudegt Holz, Steng a Bulli matgeschwemmt ginn. Des weideren, wa laang net gebotzt gëtt, wiisst vill Onkraut aus de Baachbetter, wat och erëm d’Waasser staut.

Allerdéngs gëtt et hei Onkloerheete wat d’Kompetenzen ugeet, well engersäits d’Administration de la Gestion de l’Eau (AGE) eng Kompetenz hunn, anerersäits awer och d’Gemengen hir Responsabilitéit mussen huelen. Aussoe vu Responsabele vun der AGE no géifen et hei scho  jorelaang Diskussioune well et kee legalen Text gëtt deen d’Aufgabe kloer definéiert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dës Aussoe confirméieren?
  • Wa jo, gedenkt d’Regierung eng legal Basis auszeschaffe fir d’Kompetenzopdeelung kloer ze reegelen? Wann nee, aus wéi enge Grënn?
  • Wann dës Aussoen net stëmmen, kann d’Regierung d’Gemengen driwwer informéiere wéi dës Situatioun an Zukunft ze handhaben ass?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck