Misst dem Covid-Gesetz no all Benotzer vum ëffentlechen Transport eng Sëtzplaz zougewise kréien ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Am Artikel 4 (2) vum COVID-19 Gesetz vum 25. November 2020 ass festgehalen datt am ëffentlechen Transport fir d’Benotzer eng allgemeng Maskeflicht besteet. Den Artikel 4 (5) beseet datt de Verbuet vu Rassemblement vun iwwer 100 Leit sech net op den ëffentlechen Transport applizéiert an am Punkt (6) vum selwechten Artikel ass festgehalen datt d’Obligatioune vun der „distanciation physique“ déi am Gesetz virgesi sinn, net fir d’Notzer vum ëffentlechen Transport gëllen. De selwechten Artikel 4 (4) hält allerdéngs och fest datt bei all Rassemblement tëscht 10 an 100 Leit Sëtzplaze mussen zougewise ginn. Hei ass keng explizitt Ausnam fir den ëffentlechen Transport virgesinn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

1.      Ass den Artikel 4(4) applikabel op den ëffentlechen Transport?

2.      Wa jo, wat fir eng Konsequenzen hätt dat gegebenenfalls a misst dat gëschter gestëmmten Gesetz net direkt adaptéiert ginn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                               Claude Wiseler

Deputéiert                                         Deputéierten

 

 

 

Zréck