Waren d’Zuelen am Communiqué vum Edukatiounsminister den 18. November net ganz richteg a firwat huet de Ministère kee Kontakt mat de Wëssenschaftler vun der Covid-19 Taskforce ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Den 18. November huet den Educatiounsministere e Communiqué publizéiert mam Titel « COVID-19 : état de la situation dans les écoles luxembourgeoises au 15.11.2020 » an deem et heescht

« aucune nouvelle chaîne d’infections (scénario 4) n’a été constatée, ni dans les écoles fondamentales ni dans les établissements de l’enseignement secondaire »,

an dëst tëscht dem 9. November an dem 15. November.

Laut engem Artikel vun der Zeitung „Luxemburger Wort“ vum 25. November 2020, hätt den Educatiounsministere béiden Zeitungen „d’Land“ an „Luxemburger Wort“ op Nofro hin en Abléck a seng Statistiken ginn. Dësen Statistiken no wieren an der Woch vum 9. November 11 Klassen am Zenario 4 gewiescht. Och laut dem « Rapport d’analyse sur la situation de la COVID-19 dans les établissements scolaires du 15 septembre au 1er novembre 2020 » vum Educatiounsministere wieren tëscht dem 26. Oktober an dem 1. November 9 Secondairesklassen am Zenario 4 gewiescht.

Desweideren, geet aus deem selwechten Artikel aus dem „Luxemburger Wort“ ervir datt am „Rapport d’analyse sur la situation de la COVID-19 dans les établissements scolaires du 15 septembre au 1er novembre 2020“, keng Wëssenschaftler matgewierkt sollen hunn. Tatsächlech, hätten nëmmen Mataarbechter vum Ministere un dësem Rapport matgeschafft. Och den Dr. Jean-Claude Schmit hätt op Nofro hin bemierkt datt et en deskriptiven Rapport wier mat kenger besonnesch entwéckelter Methodologie. Den Här Paul Wilmes vun der Covid-19 Taskforce hätt zudeem bemierkt datt de lëschte Kontakt tëscht der Covid-19-Tasforce an dem Educatiounsministere am September gewiescht wier.

 

Aus dëse Grënn wëlle mir folgend Froen un d‘Regierung stellen:

–          Vu datt den Educatiounsministere selwer kommunizéiert huet datt Enn Oktober 9 Klassen am Zenario 4 waren an datt och laut de Statistiken déi de Ministere béiden Zeitungen zoukomme gelooss huet, an der Woch vum 9. November 11 Klassen am Zenario 4 gewiescht wieren, mengt d’Regierung net, datt et falsch ass am Communiqué vum 18. November ze behaapten, et wieren keng nei Infektiounsketten dobäikomm?

–          Kann d’Regierung eis matdeelen wien de « Rapport d’analyse sur la situation de la COVID-19 dans les établissements scolaires du 15 septembre au 1er novembre 2020 » mattegwierkt an geschriwwen huet ? Wien huet d’Analyse gemaach ?

–          Kann d’Regierung bestätegen datt den Edukatiounsministere säit September kee Kontakt méi mat de Wëssenschaftler vun der Covid-19-Taskforce hat?

–          Aus wéi engem Grond schafft de Ministere, deem säin Minister jo och Héichschoul-an Fuerschungsminister ass, net zesummen mat eisen Wëssenschaftler?

 

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

 

 

 

 

Claude Wiseler

Deputéierten

Zréck