Och behënnert Leit hunn ee Recht an Dignitéit kënnen op enger ëffentlecher Toilette frësch gemaach ze ginn. CSV fuerdert opklappbar Sëtzbanken op ëffentlechen Toiletten.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun weider ze leeden.

Bis dato gëtt et kéng Méiglechkeet inkontinent Persounen mat enger Behënnerung op ëffentlechen Toiletten frësch ze maachen, ouni dass dëst um Buedem a virun den Aen vun all de Leit geschéien muss. An deem Sënn feelt et un enger Bänk oder Dësch op eisen ëffentlechen Toiletten wou dëst kéint virgeholl ginn.

Zwou Petitiounen betreffend enger Demande zur Installatioun vun opklappbaren Dëscher op den ëffentlechen Toiletten vir handicapéiert an inkontinent Persounen si schonn deposéiert ginn, den 8. Februar 2018 (n°964) an den 14. August 2020 (n°1673). Dës Petiounen hunn awer net déi néideg Ënnerstëtzung kritt vir an enger scéance publique kënnen debattéiert ze ginn, woubäi ze vermierken ass, datt d’Petitioun n°1673 den Debat nëmmen ganz knapp verpasst huet.

Op d’Petitioun n° 964 huet d’Madamm Familljeministesch folgend Äntwert ginn:

« S’il est vrai que l’installation d’une table à langer repliable, c’est-à-dire qui se rabat contre le mur, constitue une solution qui permet de gagner de l’espace, il convient toutefois de noter que ces tables coûtent cher, à savoir environ 4.000 euros, voire beaucoup plus selon leur capacité de charge maximum et leur taille. De plus, il faudrait y ajouter le prix d’un lève-personne, un tel appareil étant indispensable pour soulever une personne de taille adulte de la chaise roulante afin de la transférer sur la table à langer. »

Tatsächlech an och esou wéi et vum Petitionär a béiden Petiounen gefuerdert ginn ass, kéint een « just » eng einfach opklappbar Sëtzbänk an ëffentlechen Toiletten mat adaptéierter Gréisst installéieren, vir datt een d‘Méiglechkeet huet der inkontinenter Persoun d’Wëndelen a voller Dignitéit ze wiesselen. Dës Mesure wier bei wäitem net esou deier a géif och wéineg Platz gebrauchen.

 

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

–          Wat ass der Madamm Ministesch hier Positioun zu dësem wichtegen Thema, dat déi ganz vulnerabel Persounen an eiser Gesellschaft betrëfft ?

–          Fënnt d’Madamm Ministesch net och datt een d’Installatioun vun enger einfach opklappbarer Sëtzbänk a vereenzelten ëffentlechen Toiletten mat adaptéierter Gréisst virhuelen misst, vir datt een d‘Méiglechkeet huet enger handicapéierter, inkontinenter Persoun d’Wëndelen a voller Dignitéit ze wiesselen ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

 

 

Zréck