Questions parlementaires

Stëmmt et datt d’Schwammmeeschteren net méi vill un de Schwammcoursë vun der Primärschoul deelhuelen ? Kéint et sinn datt Sécherheet an de Schwammcoursen duerch ze wéineg forméiert Schwammmeeschteren a Gefor bruecht gëtt ?

Stëmmt et datt Patienten aus Lëtzebuerg wéinst der COVID-19 Pandemie an auslännesche Spideeler refuséiert gi sinn? Wéi gedenkt d’Regierung bei den jeeweilegen Nopeschlänner ze intervenéieren ?

D’Fourrière vun der Police zu Esch/Belval ass aus Sécherheetsgrënn mat Effet immédiat zougemaach ginn. Wat mëscht d’Regierung fir d’Police bäi der Sich no enger provisorescher Léisung ze ënnerstëtzen ? Firwat gouf net schonn 2019 mat der Sich no enger provisorescher Léisung ugefaangen ?

Verschidde Patiente brauchen Therapien mat héichdoséierten Vitaminpreparater. Wéi kann et sinn datt d’Gesondheetskeess de Remboursement vu dësen refuséiert, mam Argument datt Vitaminnen Iessergänzungsmëttele wieren a keng Medikamenter ?

Fir wat verspéit sech deen geplangten verbesserten Accès zu den Nordgemengen ? Kann de Minister fir Mobilitéit eis eng Strategie fir den ëffentlechen Transport virleeën, déi den Accès zu den Nordgemengen méi einfach mëscht ?

Wéi steet et ëm d’Recht op Informatioun iwwer medizinesch Agrëffer / Tester, respektiv dem gläichberechtegen Zougang dozou? Wéi ass et z.B. mat den PCR-Tester, deen a Behënnertestrukturen am Kontext vum Large Scale Testing duerchgefouert gouf? Kruten déi Concernéiert d’Resultater direkt matgedeelt an zwar ënnert enger Form, déi hinnen och zougänglech ass?

Wat sinn d’Grënn fir datte Leit déi un Inkontinenz leiden an déi iwwer 18 Joer aal sinn an net u Spina-bifida leiden, d’Käschten fir hier Wëndelen, un déi si am Alldaag ugewisen sinn, net rembourséiert kréien?

D’Presidentin vun der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ huet proposéiert am Bus méi Plaz fir Vëloen ze schaffen. Wéi gesäit den Här Minister fir Mobilitéit dës Propositiounen? Bis wéini kéinten dës Propositiounen an d’Realitéit ëmgesat ginn?

Zanter Juli soll et eng Penurie vum medezinesche Cannabis ginn. Patienten mussen elo deelweis erëm op déi konventionell Medikamenter zeréckgräife, wat fir de mënschleche Kierper eng enorm Belaaschtung bedeit. Wat sinn d´Grënn fir déi Penurie? Wéi kann an Zukunft verhënnert ginn dass Leit hier Therapie mussen ofbriechen an erëm op staark Psychopharmaka mussen ëmsteigen?

De Samschdeg de Moien huet d’Police eng Party mat 150-190 Leit am Bambësch “Um Siwebueren” opgeléist. Vill Leit hate sech hei net un déi aktuell Sécherheetsmesure gehalen. Wéi eng konkret Strofen erwaarden déi knapp 200 Leit?