Gouf et schonn zu Lëtzebuerg Fäll, wou subventionéiert Autoe vu Privatleit oder Autoshändler gewënnbréngend an d’Ausland verkaaft goufen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu subventionéierten Occasiounsautoe mat engem elektreschen Undriff un den Här Energieminister weider ze leeden.

Aus engem rezenten Artikel vu Focus “Das schnelle Geld mit der deutschen E-Auto-Prämie” geet ervir, dass Occasiounsautoen, di duerch eng Primm fir E-Autoen vum Staat finanziell subventionéiert goufe, mat Profit an Dänemark verkaaft ginn. Och zu Lëtzebuerg kéint sou eng Praktik méiglech sinn, vue dass d’Primm 7 Méint nom Kaf vun engem Elektroauto oder engem Hybrid ugefrot ka ginn. Bei engem spéidere Verkaf muss d’Primm awer net zréckbezuelt ginn. Sou kéinte Privatleit am In- an Ausland op Basis vu Subventiounen, dat heescht Steiergelder, Profitter maachen, wat jo net Sënn an Zweck vun de Primme fir elektresch bedriwwen Autoen ass.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Gouf et schonn zu Lëtzebuerg Fäll, wou subventionéiert Autoe vu Privatleit oder Autoshändler gewënnbréngend an d’Ausland verkaaft goufen?
  2. Wat ass d‘Positioun vum Energieminister zu dëser Praxis?
  3. Falls néideg, wéi gedenkt de Minister an Zukunft sou enger Entwécklung entgéint ze wierken.

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéierten

Zréck