Ass mëttlerweil gewosst ob en Impfzenter an den Osten soll kommen a wa jo wouhin?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Am November hat d’Madamm Minister ugekënnegt en Aarbechtsgrupp géif sech mam Ausschaffe vun der Impfstrategie an der Implantatioun vun den Impfzentre befaassen.

D’Regierung war wuel mat verschiddene Gemengen a Kontakt wéinst engem Impfzenter am Osten, dono hunn déi Gemengenverantwortlech awer näischt méi vun der Regierung héieren, obwuel d’Diskussiounen deelweis ganz villverspriechend waren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Fro un d‘Gesondheetsministesch stellen:

Ass mëttlerweil gewosst ob en Impfzenter an den Osten soll kommen a wa jo wouhin?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch                   Octavie Modert                     Léon Gloden

Deputéiert                                         Deputéiert                             Deputéierten

Zréck