Deelt d’Regierung d’Meenung datt a Fäll vu psycheschen Erkrankungen, de Kontrolldokter obligatoresch e Psychiater oder en unerkannte Psychotherapeut muss sinn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d‘Madamm Gesondheetsminister an un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

An Zäite vun der Pandemie leiden nach méi Mënsche wéi virdrun ënner psychesche Probleemer. D’Auslaaschtung an eise Psychiatrien ass grouss a ganz vill Patiente sinn an ambulanter Behandlung.

Mengen Informatiounen no ass et an der leschter Zäit ëfters virkomm datt Patiente mat engem Certificat vum Psychiater deen eng Incapacité de travail attestéiert, d’Prise en Charge vun der CNS refuséiert gouf, op Grond vum Rapport vum Kontrolldokter. Dobäi wier a ville Fäll de concernéierte Kontrolldokter kee Psychiater gewiescht, mee e Generalist.

Op Grond vun dësen Informatioune wollt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dës Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, ëm wéi vill Fäll geet et?
  • Deelt d’Regierung d’Meenung datt an esou Fäll vu psycheschen Erkrankungen, de Kontrolldokter obligatoresch e Psychiater oder en unerkannte Psychotherapeut muss sinn?
  • Wa jo, missten dann déi uewe genannte Fäll net reevaluéiert ginn?
  • Wann nee, aus wéi enge Grënn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

 

Zréck