Huet d’Regierung exakt Impfpläng fir datt méiglechst séier e groussen Deel vun eiser Populatioun ka geimpft ginn, resp. schafft si kuerzfristeg unhand vun den evtl. neien Zuelen esou Impfpläng aus a wéini ginn dës presentéiert?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Haut de Moie war an der Press gewuer ze gi wéini de Grand-Duché viraussiichtlech wéi vill Dose vu wéi enge Anti-Covid-Vaccine kritt, pro Mount a Produzent detailléiert opgelëscht. No dësen Informatioune géife bis Juni 705.193 Dose geliwwert ginn.

Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierungen d’Informatiounen aus der Press bestätegen?
  2. Hat d’Regierung dës Informatioune schonn oder ass si se och réischt duerch d’Presse gewuer ginn?
  3. Huet d’Regierung unhand vun deenen Zuelen exakt Impfpläng fir datt méiglechst séier e groussen Deel vun eiser Populatioun ka geimpft ginn, resp. schafft si kuerzfristeg unhand vun den evtl. neien Zuelen esou Impfpläng aus a wéini ginn dës presentéiert?
  4. Deelt d’Regierung d’Meenung datt eng gutt Previsibilitéit an dëser Saach esouwuel fir d’Akzeptanz vun der Vaccinatioun wéi och fir déi mental Gesondheet vun eiser Populatioun wichteg ass?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                            Claude Wiseler

Deputéiert                                                     Deputéierten

Zréck