Kann et sinn dass Leit, entgéint der ugekënnegter Impfstrategie, och per Zoufall ausgewielt ginn fir geimpft kënnen ze ginn, Persounen also, déi weder dem Alters- Beruffs- nach Vulnerabilitéitskritère entspriechen ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.
D’Regierung huet d’lëscht Woch hier Impfstrategie virgestallt. Deemno sollen an der éischter Phase d’Personal aus dem Gesondheetssecteur a Fleegesecteur, ewéi och d’Resident’en vun den Alters- a Fleegeheemer geimpft ginn. An enger zweeter Phase sollen dann d’Persounen vun iwwer 75 Joer, ewéi och Persounen vun 65 bis 75 Joer geimpft ginn. An der drëtter Phase vun der Impfstrategie géif de Fokus dann ob den vulnerabelen Menschen tëschend 50 a 65 Joer leien. Et giff ee sech beim Ausdrock « vulnerabel » op d’Definitioun vum Conseil supérieur pour maladies infectieuses baséieren. An der Phase 4 géingen dann d‘vulnerabel Persounen ënner 50 Joer oder Mënschen déi an Prekaritéit liewen eng Invitatioun kréien vir geimpft ze ginn. An der leschter Phase géingen dann déi ab 50 bis 16 Järeg dru kommen, esou wéi och d’Grenzgänger.
Laut eisen Informatiounen kruten awer elo eng Partie Leit eng Invitatioun vir geimpft ze ginn geschéckt, déi weder vulnerabel, nach an engem héijen Alter sinn. Op Nofro hin, kruten dës Leit gesot de Computer hätt sie nom Zoufallsprinzip erausgesicht.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
Kann d’Regierung bestätegen datt Leit déi weder vulnerabel, nach an der Alterskategorie sinn déi d’Regierung mat hirem Phaseplang an der éischter Phase viséiert eng Invitatioun kruten vir sech impfen ze loossen?
Wann jo, aus wéi engem Grond bléift d’Regierung net bei hirer Strategie?
Stëmmt et datt dës Leit per Zoufallsprinzip eraus gesicht gi sinn?
Huet der Regierung hier Impfstrategie geännert?
Wann jo aus wéi engem Grond?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Françoise Hetto-Gaasch

Zréck