Feelt et u Mediateuren fir a Familljen-Affären z’intervenéieren ? Wéi kann déi Situatioun verbessert ginn ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Edukatiounsminister weider ze leeden.
Laut Aussoe vum Ombuds-Comité fir d’ Rechter vu Kanner a Jugendlecher feelt et u Mediateure fir bei affaires familiales ze intervenéieren. Dobäi ass d‘Mediatioun awer recommandéiert fir a Situatioune wéi zum Beispill Scheedungen ze agéieren. Si spillen an deem Kontext eng wichteg Roll an droen dozou bäi datt d‘ Prozedure méi schnell kënne gereegelt ginn.
Op Grond vun dësen Informatioune wollt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:
Ass den Här Minister au Courant vun dësem Manktem u Mediateuren?
Wa jo, wat gedenkt den Här Minister ze ënnerhuele fir eng méi grouss Unzuel u Mediateuren ze kréien?
Ass an dësem Kontext eng gréisser Recrutementsphase geplangt?
Wéi eng Formation de Base muss een hunn fir kenne Mediateur ze ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Françoise Hetto
Deputéiert

Zréck