Questions parlementaires

Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen mat der geféierlecher Verkéierssituatioun Schëffleng-Féitz a Richtung Stad?

Wéi kann et sinn datt d’Jughurtsfabréck Fage säit 2012 all Mount 600.000 Dollar fir fiktiv Beroder bezuelt huet ? Wat gedenkt den Här Wirtschaftsminister an dësem Fall ze ënnerhuelen ?

Kann den Här Minister fir Mëttelstand déi aktuell Verspéidung vun der finanzieller Bäihëllef vum Staat fir d’Mataarbechter am Secteur vum Event Management confirméieren ? Wa jo, wat sinn d´Grënn dofir ?

De Gesondheetsministère huet per Email eng Ëmfro iwwert de Suivi vu Coronainfizéierte verschéckt. Dëse Formulaire war awer scho mat den Donnéeë vun anere Participanten ausgefëllt. Wéi konnt dem Gesondheetsministère sou eppes geschéien ? Ass d’Ëmfro konform zu der CNPD a kann de Ministère garantéieren, datt d’Donnéeë vun de Participanten anonymiséiert a protegéiert sinn ?

Huet d’Regierung den Éisträichesche System vun den Hëllefen fir Fixkäschten vu Betriber analyséiert an iwwerpréift op sou e Modell och fir Lëtzebuerg a Fro géif kommen ?

Den dätsche Gesondheetsminister huet deklaréiert datt een, mam Wëssen vun haut, soe kann datt verschidde Mesurë vum Lockdown iwwerdriwwe waren. Huet déi Lëtzebuergesch Regierung hir Mesuren och kritesch evaluéiert ?

Wéi eng Auswierkungen kéinten déi lescht Bemierkungen vun der EU-Kommissioun op de geplangte Verbuet vu Glyphosat zu Lëtzebuerg hunn ?

Sammelt de Gesondheetsministère oder aner zoustänneg Ämter perséinlech Date vu Fluchpassagéier aus bestëmmte Länner vun der Luxair, bzw. aner Fluglinnen oder aus enger Passagéierdatenzentralstell fir domadder eventuell Infektiounskette vu COVID-19 Erkrankunge kennen nozevollzéien? Ass dës Prozedur konform mam Lëtzebuerger Dateschutz?

Wat sinn d’Grënn wéinst deenen 4 Baueren aus dem LAKU Comité demissionéiert hunn ?

Kéint een net, am Respekt vun den néidege sanitäre Mesuren, zukünftege Pappen et erlaben bei den Ënnersichungen an dem Ultraschall vun hirer schwangerer Fra dobäi ze sinn ?