Ass och zu Lëtzebuerg virgesinn Tester fir de Privatgebrauch zouzeloossen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Den däitsche Gesondheetsministère plangt hir „Medezinprodukte-Abgabeverordnung“ esou ze änneren datt an Zukunft och Corona-Schnelltester fir doheem zougelooss ginn. Am Moment dierfen Schnelltester bei eisen Nopere just vun Dokteren, a medezineschen Ariichtungen oder a Fleege-Strukture genotzt ginn.

Wann awer deemnächst Schnelltester zur Verfügung stinn déi och onkomplizéiert vun de Leit selwer kënne gemaach ginn an e séchert Resultat liwweren, gesäit déi däitsch Regierung heiran e gutt Moyen am Kampf géint d’Pandemie.

Momentan gëtt op eng Zertifizéierung an Zouloossung vun dësen Tester gewaart. Wa se bis zougelooss sinn, kéinten se dann och an der Beruffswelt agesat ginn.

Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Ass d’Regierung um Lafenden iwwer dës nei Schnelltester?
  • Wa jo, ass och zu Lëtzebuerg virgesinn esou Tester fir de Privatgebrauch zouzeloossen?
  • Wann nee, aus wéi enge Grënn?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                            Claude Wiseler

Deputéiert                                                     Deputéierten

Zréck